Exklusiv op Nordliicht: d'Ardennenoffensiv zu Letzebuerg

25.02.2020

Den 8. Mee 1945 gouf offiziell d’Enn vun de Kampfhandlungen an Europa proklaméiert. Mee fir munchereen am Éisléck war domat de Krich nach laang nët eriwwer. Den Doud hat sech vum 16. Dezember 1944 un während e puer Wochen an eis éislécker Dierfer geschlach. Niewt dem moralesche Schued war och de materiellen enorm héich. Jore sollt et daueren bis lues a lues d’Leit hei uewen am Norde vum Land nees hieren eegenen Daach iwwert dem Kapp haten. Wéi eis Éislécker, deemols Kanner, hir Mammen a Pappen, di grausam Ardennenoffensiv um eegene Leiw erliewt hun, erzielen si an dësem exklusiven Documentaire « 60 Joër sin et hier – d’Ardennenoffensiv ».

Vum Februar un weise mir Iech all Woch en Extrait aus dem Documentaire vun 2005 "60 Joer sinn et hier: d'Ardennenoffensiv".

De Bestellformulaire fir de gesamten Documentaire fannt Dir an der Rubrik "Produktiounen".

60 Joër sin et hier : d’Ardennenoffensiv
60 Joër sin et hier : d’Ardennenoffensiv En Documentaire aus dem Joer 2005