Produktionen

Erënnerung – D’Ardennenoffensiv 1944-45

Erënnerung – D’Ardennenoffensiv 1944-45

De Film Erënnerung as eng lieweg Dokumentatioun deen sech haaptsächlech am Grousraum Dikrech ofspillt, awer och zu Broochtebaach. Hautno erliewt een se mat, d’Spannung virum 16. Dezember 44. Dann, um halwer sechs moies, brëcht op der ganzer Linn, vun Iechternach bis an d’Schmëtt, e gigantesche Feierorkan aus. D’Ardennenoffensiv.

(1995 – DVD PAL 50 Minutten)

35 Euro, Versand abegraff

Tambow

Tambow

D’Lagerliewe vun de lëtzebuerger Jongen zu Tambow a russescher Krichsgefaangenschaft.

(1997 – DVD PAL 20 Minutten)

25 Euro, Versand abegraff

D'Lëtzebuerger politesch Emgesidelt am 2. Weltkrich

D'Lëtzebuerger politesch Emgesidelt am 2. Weltkrich

De 17. September 1942 sin déi éischt 22 Lëtzebuerger Familjen op d'Hollerecher Gare bruecht gin, wou hire Leidenswee fir eng schwéier Zäit, mat vill Misär an Entbierungen, wäit vun der Heemecht, ugefaangen huet. Vum 17. September 1942 bis den 31. August 1944 sin am ganzen 86 Convoië mat 4183 Lëtzebuerger ëmgesidelt gin.

(1999 – DVD PAL 36 Minutten)

25 Euro, Versand abegraff

60 Joër duerno : Lëtzebuerg ass fräi

60 Joër duerno : Lëtzebuerg ass fräi

Den 9. September 1944 sin di éischt amerikanesch Zaldoten zu Péiténg an d’Land erakomm. 60 Joër méi spéit feiert Lëtzebuerg séng Liberatioun. Nordliicht TV huet dës Liberatiounsfeierlechkeete zu Péiténg, Lëtzebuerg, am Kanton Miersch an zu Dikrech festgehalen, an och exclusif Zäitzeienaussoën vun amerikanische Veteranen a vu Lëtzebuerger.

(2005 – PAL 156 Minutten, 2 DVD)

40 Euro, Versand abegraff

60 Joer sinn et hier : d’Ardennenoffensiv

60 Joer sinn et hier : d’Ardennenoffensiv

„In Berlé war nie etwas geschehen, und als das erste Mal etwas geschah, da war es der Untergang.“ Sou schreift de Fritz Rasqué am Buch „Das Oesling im Krieg“.

D‘ganzt Éislek huet gebrannt, vun zwou Säite gouf et beschoss. Déi eng Säit louchen d‘Preisen, déi aner Säit d’Amerikaner. Vum 16. Dezember 1944 un, bis den 28. Februar 1945 hunn d’Éisleker an Doudangscht gelieft, si hunn sech an de Kellere verstoppt, a sinn duerch de Schnéi an der Keelt zu Fouss duerch d’Bëscher fortgelaf.

An iwwerdeems wou d’Ardennenoffensiv d’Dierfer verwüüst huet, si vill Familljen, déi a friem Länner ëmgesidelt waren, a Kazetter verschleeft, Zwangsrekrutéiert an z.B. a russesche Lagere gefaange gehale goufen, nach wäit fort vun hirem Heemechtsland.

Mir hunn Aussoe vun iwwer 50 Leit 2004-2005 festgehalen, déi nach Zeie si vu viru 60 Joer. Sie erziele vun der Grausamkeet déi si um eegene Leif erlieft hunn, an déi si e ganzt Liewe begleet huet.

Dëst ass en exklusiven Dokumentarfilm vu bal 8 Stonnen.

(2005 – PAL 470 Minutten, 4 DVD)

95 Euro, Versand abegraff