Réservatioun um Stauséi

22.07.2020

Opgrond vun dem heigen Undrang op de Plagen vum Stauséi huet de Naturpark Öewersauer elo decidéiert, ab dësem Weekend e Réservatiounssystem anzeféieren. Soumat ass et ab dem kommende Weekend obligatoresch seng Plaz op de Plage ronderëm de Stauséi am Virfeld ze reservéieren. Dëse System gëllt fir all 6 Plagen ronderëm de Séi:

- Insenborn Plage 1 "An der Baech" : 800 Platzen

- Insenborn Plage 2 "Fuussefeld" : 500 Platzen

- Lultzhausen : 200 Platzen

- Burfelt: 300 Platzen

- Liefrange: 400 Platzen

- Rommwiss: 300 Platzen

 

Fir sécherzestellen, datt och wierklech just Leit op de Plage sinn, déi reservéiert hunn, ass extra eng privat Sécherheetsfirma mat bäigezu ginn.

Reservéieren kann en seng Platz op www.visit-eislek.lu oder iwwert d'Éislek-App an ass gratis.

Alleguer d'Detailer fannt dir am Communiqué an der Annexe.

Foto: Guy Krier - Réservatioun um Stauséi
Foto: Guy Krier