Leistungen

Reportage mat Qualitéit

 
Dir hutt eng Manifestatioun oder eppes Flottes fir ze filmen?

Op Lokales, Regionales, Nationales oder Internationales, Nordliicht kennt bäi Iech op d'Plaz fir e flotte Reportage. Dat Bescht dorunner: et kascht Iech kee Su. Schéckt eis Äre Sujet mat allen Informatiounen einfach per Mail oder schreift eis per Post, mir probéieren da laanscht ze kommen, fir datt Är Manifestatioun an de Mëttelpunkt gesat gëtt. Sollt et mol net klappen datt mer laanscht kommen, net traureg sinn, bäi der nächster Geleeënheet klappt et bestëmmt.

Ënnerstëtzt och Dir Nordliicht !

Ënnerstëtzt och Dir Nordliicht !
Ënnerstëtzt och Dir Nordliicht !
Ënnerstëtzt och Dir Nordliicht !

Als Geschäft oder Betrib

Sponsoring

De Sponsoring gëtt Iech eng Visibilitéit an eisem Programm iwwert d'ganzt Joer. Wann Der Nordliicht TV sponsort, gëtt den Numm vun Ärer Firma / Ärem Betrib och mat Nordliicht TV associéiert. Duerch Äre Sponsoring hëlleft Dir, Äre Fernsee aus dem Norden um Liewen ze halen an domat drot Der dozou bäi dass den Norden an de Medien déi Plaz behällt, déi e verdéngt.
Nordliicht TV bidd Iech e Sponsoring scho vun 156 Euro / Mount un. Frot no eise Formulen an Tarifer hei.
De Sponsoring erlaabt awer nët fir bestëmmte Produkter oder Servicer ze promouvéieren.  Kuckt Iech heifir eis Referenzen weider ënnen un.

Publicitéit

Dir wëllt Är Produkter oder Servicer ubidden? Da profitéiert vun eise gënschtegen Tarifer fir Publicitéit. Kontaktéiert eis iwwert dëse Formulaire, mir maachen Iech gären eng personnaliséiert Offer.

Als Privatpersoun

Och als Éieremember kënnt Dir Nordliicht TV ënnerstëtzen.
Iwwerweist Äre Beitrag op de Postscheckkonto vun Nordliicht TV
IBAN LU05 1111 1321 0083 0000 (BIC: CCPLLULL)

Referenzen

Dokumentatiounen a Produktiounen

Nordliicht kann op eng laang Lescht vu verschiddenen Dokumentatiounen a Produktiounen zréckkucken. Des gi vun emouvant Dokumentatiounen iwwert den zweete Weltkrich (Erennerung, 60 Joer sinn et hier, Tambow, ... ) bis hin zu grousse Produktiounen vun an em Traditiounen wéi di Veiner Traditiounnen , t'Geschichten vun der Weeltzer Fatima oder dem Weeltzer Kleesschen. Och Natur- an Fräizäitdokumentatiounen produzeiere mir mat vill Elan a Leidenschaft, wei zum Beispill eng Dokumentatioun iwwert eis Hunnegbei oder iwwert de Velo am Welle Westen. Stöbert an eisem Archiv, hei fannt Dir nierft eisen Emissiounen och nach ganz vill weider Dokumentatiounen.

Publireportagen