Sauer Rivercrossing zu Bettenduerf

26.02.2020

T‘Stars and Stripes waren den 18te Januar zu Bettenduerf iwwerall ze gesinn, och hei bäi der US Airforce Band, dei fir dësen historeschen Dag zu Bettenduerf amerikanesch Lidder aus der Epoch em an aus dem 2te Weltkrich gespillt hunn, fir un dat ze erënneren, wat deemools, genee op dësen Dag hei dozou bäigedroen huet, fir Lëtzebuerg erëm aus dem Greff vun der Naziherrschaft ze befreien.

 „River Crossing“ Bettenduerf heescht t’Evenement, wat am Kader vun dem 75te Anniversaire vum Enn vum 2te Weltkrich an un t’Erënnerung vun der Ardennenoffensiv organiséiert gouf, eng Art „Living-History“, déi besonnesch den Zäitraum vum 18te bis den 22te Januar 1945 an de Mëttelpunkt sollt stellen.

Nieft de den Atelieren an den Gefierer aus dem 2te Weltkrich war hei zu Bettenduerf de groussen Highlight op dësem Dag natierlech t’Nostellen vun dem „River Crossing“ iwwert t’Sauer.

De Reportage fannt Dir an eiser Emissioun vum 26. Februar 2020.

Sauer Rivercrossing zu Bettenduerf
Sauer Rivercrossing zu Bettenduerf
Sauer Rivercrossing zu Bettenduerf
Sauer Rivercrossing zu Bettenduerf
Sauer Rivercrossing zu Bettenduerf
Sauer Rivercrossing zu Bettenduerf
Sauer Rivercrossing zu Bettenduerf
Sauer Rivercrossing zu Bettenduerf
Sauer Rivercrossing zu Bettenduerf
Sauer Rivercrossing zu Bettenduerf
Sauer Rivercrossing zu Bettenduerf
Sauer Rivercrossing zu Bettenduerf
Sauer Rivercrossing zu Bettenduerf
Sauer Rivercrossing zu Bettenduerf
Sauer Rivercrossing zu Bettenduerf