River Crossing Bettenduerf: 75 Joer Liberatioun

18.01.2020

„River Crossing“ Bettenduerf heescht t’Evenement, wat am Kader vun dem 75te Anniversaire vum Enn vum 2te Weltkrich an un t’Erënnerung vun der Ardennenoffensiv organiséiert gouf, eng Aart „Living-History“, déi besonnesch den Zäitraum vum 18te bis den 22te Januar 1945 an de Mëttelpunkt sollt stellen.

Nieft den Atelieren an den Gefierer aus dem 2te Weltkrich war hei zu Bettenduerf de groussen Highlight op dësem Dag natierlech t’Nostellen vun dem „River Crossing“ iwwert t’Sauer.

River-Crossing Bettenduerf
River-Crossing Bettenduerf 5 Stonnen dauert et, fir t'Bréck opzeriichten
River-Crossing Bettenduerf
River-Crossing Bettenduerf Bis zu 6 Tonnen hält des provisoresch Bréck aus
River-Crossing Bettenduerf
River-Crossing Bettenduerf De Nicolas Kraemer ass deemools evakuéiert ginn
River-Crossing Bettenduerf
River-Crossing Bettenduerf 28th Infantry Reenactmentgroup aus Holland hunn t'Bréck opgebaut
River-Crossing Bettenduerf
River-Crossing Bettenduerf Vill Leit haten de Wee op Bettenduerf fonnt
River-Crossing Bettenduerf
River-Crossing Bettenduerf Hei ze gesinn di original Foto vum 18. Januar 1945