Di Weeltzer Fatima - Eng Traditioun, déi Natioune verbënnt

21.05.2020

Di 2 Geschichte vun der Weeltzer Fatima

Et war den 13. Mee 1917, wei bäi der Stad Fatima dräi Hirtekanner d’Maria Muttergottes erschéngen ass. A well Christi Himmelfaart vum Datum hier am noosten beim 13te Mee läit, gëtt zanter 1969 dëse Feierdag vun dausende vu Leit, gréisstendeels aus der portugisescher Gemeinschaft genotzt, fir och hei bäi d’Denkmal op „Baessend“ ze pilgeren an der Fatima ze gedenken.

Nieft dëser Traditioun mat hire portugisesche Wuerzele ass et awer och eng lëtzebuergesch Traditioun vun der Weeltzer Fatima ginn, déi mam Krichsverspriechen vun 1945 am Keller zu Wolz hiren Ursprong fonnt huet.

Aus dësem Volleksfest ass also net just eng Traditioun entstanen, mee et verbënnt duerch 2 ënnerschiddlech Geschichten och di lëtzebuergesch an di portugisesch Communautéit.

An engem Film vu Nordliicht aus dem Joer 2005 ginn déi 2 Geschichte vun der Weeltzer Fatima beliicht.

Hei geet et weider bäi de Film

50. Pèlerinage bei d'Fatima op Wolz (2017)

Och ware mir den 31. Mee 2017 beim 50. Pèlerinage bei d’Fatima op Wolz mat der Kamera op der Platz an hunn desen Dag a Bild an Toun festgehaalen. Bäi dësem ronne Gebuertsdag vun dem Pèlerinage war och héije Besuch mat dobäi: nieft eiser groussherzoglecher Koppel huet och de portugisesche Staatspresident Marcelo Rebelo de Sousa un dëser Manifestatioun Deel geholl. An enger emotionaler Ried huet eise Grand-Duc Henri enner tosendem Applaus däitlech gemaach, datt ouni di portugiesesch Communitéit Lëtzebuerg net hätt kennen esou opgebaut ginn wei mer et haut kennen.

Hei fannt Dir de Reportage vum 50. Pèlerinage bei d’Fatima op Wolz

Hei e puer Impressiounen aus dem Reportage vum 50. Pèlerinage bei d'Fatima op Wolz aus dem Joer 2017 a vum Film aus dem Joer 2005.