Portes-Ouvertes vun de Lycéeën aus dem Norden

17.06.2020

Well d'Lycéeën dest Joer keng Porte-Ouverte konnten organiséieren, hu mir vu Nordliicht eng Initiativ gestart a ware mat Bild an Toun an di verschidde Lycéeën eraluussen.

Vun haut un presentéiere mir Iech all Woch 2-3 Lycéeën a stellen Iech hier grouss schoulesch Offer fir.

Lass geet et des Woch mat folgende Lycéeën:

- Nordstad-Lycée (NOSL) vun Dikrech (www.nosl.lu)

- Lycée Edward Steichen (LESC) vu Clierf (www.lesc.lu)

-Atert Lycée Redange (ALR) vu Réiden (www.alr.lu)

 

Des Woch huele mer Iech mat a folgend Lycéeën:

- Lycée Technique vun Ettelbréck (LTEtt) (www.ltett.lu)

- Lycée du Nord (LNW) vu Wooltz (www.lnw.lu)

- Lycée Technique Agricole (LTA) zu Ettelbréck (www.lta.lu)

- Dikrecher Kolléisch (LCD) (www.lcd.lu)

- École Privée Sainte-Anne zu Ettelbréck (www.sainte-anne.lu)

- D'Hotelschoul zu Dikrech (EHTL) (www.ehtl.lu)

Op de Sitte vun de Lycéeë fannt Dir och eng digital Porte-Ouverte vun der jeeweileger Schoul.

Di nächst Woch huele mer Iech mat an d'École d'Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg (EHTL).

Portes-Ouvertes vun de Lycéeën aus dem Norden
Portes-Ouvertes vun de Lycéeën aus dem Norden