D'Buerge brennen an der Gemeng Wanseler

15.03.2020

Gläich 4 Buergen goufen an der Gemeng Wanseler gebrannt, an dat zu Näertrech, Grëmmelescht, Bärel an zu Donkels.

"Eng flott Traditioun an der Gemeng Wanseler, an impressionnant, datt mer et nach haut ronn kréien, gläich a 4 Dierfer eng Buerg brenne ze loossen ass fir mech einfach eng flott Saach", esou de Romain Schroeder, Buergermeeschter vun der Gemeng Wanseler.

Aktuell wunnen 1317 Awunner an der Gemeng Wanseler, déi sech aus den Uertschaften Bärel, Donkels, Grëmmelescht, Näertrech, Pommerlach, Soller, Schleef a Wanseler zesummesetzt. "T'Veräinsliewen war e Moment e bësschen ofgeflaut", sou de Romain Schroeder, "momentan sinn ech als Buergermeeschter erëm frou ze soen, datt t'Veräinsliewen erëm bëssche méi opkënnt, an ech mengen, dat gesi mer haut bäi enger Traditioun wéi t'Buergbrennen, datt einfach de Wellen erëm do ass, fir zesummen erëm eppes ze organiséieren an zesummen e flotten Owend ze verbréngen".

D'Buerge goufen opgeriicht zu Näertrech vun der Jeunesse Näertrech, Grëmmelescht, Wanseler, zu Donkels vun der Amicale vun de Pompjeeën an zu Grëmmelescht an zu Bärel vun de jeeweilegen Duerfgemeinschaften.

De ganze Reportage fannt Dir an eiser Emissioun vum 4.Mäerz 2020.

D'Buerge brennen an der Gemeng Wanseler
D'Buerge brennen an der Gemeng Wanseler
D'Buerge brennen an der Gemeng Wanseler
D'Buerge brennen an der Gemeng Wanseler
D'Buerge brennen an der Gemeng Wanseler
D'Buerge brennen an der Gemeng Wanseler
D'Buerge brennen an der Gemeng Wanseler
D'Buerge brennen an der Gemeng Wanseler
D'Buerge brennen an der Gemeng Wanseler
D'Buerge brennen an der Gemeng Wanseler
D'Buerge brennen an der Gemeng Wanseler
D'Buerge brennen an der Gemeng Wanseler
D'Buerge brennen an der Gemeng Wanseler
D'Buerge brennen an der Gemeng Wanseler
D'Buerge brennen an der Gemeng Wanseler
D'Buerge brennen an der Gemeng Wanseler
D'Buerge brennen an der Gemeng Wanseler