Ënnerstëtzt och Dir Nordliicht TV !

Als Geschäft oder Betrib

Sponsoring

De Sponsoring gëtt Iech eng Visibilitéit an eisem Programm iwwert d'ganzt Joer. Wann Der Nordliicht TV sponsort, gëtt den Numm vun Ärer Firma / Ärem Betrib och mat Nordliicht TV associéiert. Duerch Äre Sponsoring hëlleft Dir, Äre Fernseh aus dem Norden um Liewen ze halen an domat drot Der dozou bäi dass den Norden an de Medien déi Plaz behällt, déi e verdéngt.
Nordliicht TV bidd Iech e Sponsoring scho vu 1.783 Euro / Joer un. Frot no eise Formulen an Tarifer hei.
De Sponsoring erlaabt awer nët fir bestëmmte Produkter oder Servicer ze promouvéieren. 

Publicitéit

Dir wëllt Är Produkter oder Servicer ubidden? Da profitéiert vun eise gënschtegen Tarifer fir Publicitéit. Kontaktéiert eis iwwert dëse Formulaire, mir maachen Iech gären eng personnaliséiert Offer.

Als Privatpersoun

Och als Éieremember kënnt Dir Nordliicht TV ënnerstëtzen fir e Joresbäitrag vun nëmme 25 Euro. Dir kritt eng Éierememberskaart an exklusiv eis Retrospektiv, dat ass eng Auswiel vun ca. 4 Stonne Reportagen vum ganze Joer op 2 DVD.

Iwwerweist Äre Beitrag op de Postscheckkonto vun Nordliicht TV
IBAN LU05 1111 1321 0083 0000 (BIC: CCPLLULL)

NORDLIICHT TV

22, route de Diekirch
L-9381 MOESTROFF

Tel & Fax: (+352) 80 38 66

info@nordliicht.lu