Den Eenelter Maart fënnt am alen Duerfkär vu Recken bei Miersch statt. Vun 10 bis 18.30 Auer fannen d'Visiteuren hei nieft konschthandwierklechen Objeten (Holz, Metall, Steen, Molereien) och Liewensmëttel aus der regionaler Produktioun. Nieft dem Kaf vun originellen a konschtvollen Unikater besteet och d'Méiglechkeet verschiddenen Handwierker bei der Hierstellung vun hire Konschtwierker iwwert d'Schëller ze kucken
Fir Kanneranimatioun, Iessen an Drénken ass gesuergt!
All Detailer op dt-recken.com