Blumme, Kränz a Gerben 2.0 - Erënnerungsaarbecht am LNW

07.02.2020

All Joers gëtt hei uewe bäi Wolz um Schumannseck un t’Affer vum 2te Weltkrich geduecht, elo, beim 75ten Gedenkdag de 16. Dezember 2019, och erëm mat grousser Bedeelegung vu Schülerinnen a Schüler, déi et als hier Flicht ugesinn, datt dat, wat deemools hei geschitt ass, net a Vergiessenheet soll geroden.

Dëst Joer huet och den Ierfgroussherzog sech hei um Schumannseck de Rendezvous ginn, fir bäi der Zeremonie deelzehuelen, a bestëmmt och, fir nozelauschteren, wei di haiteg Generatioun t’Gedenken vun dem 2te Weltkrich well oprechterhalen.

Eng Geschicht, déi sech net widderhuele soll, dat geet nëmmen, wann en net vergësst, wat deemools geschitt ass, a firwat et geschitt ass. Fir des Thematik der haiteger Generatioun erëm mi no ze bréngen, huet en hei am Norden t’Initiativ ergraff an e Projet mam Schwéierpunkt Erënnerungsaarbecht lancéiert, wou Jonker a Workshoppen, World-Cafés a Reuniounen hier Iddien mat integréiere kennen an hire Bäitrag fir eng Erënnerung un den 2te Weltkrich leeschten. Als Highlight dovunner ass eng Ausstellung entstanen, déi t’Ënnerschreift vun de Schüler dréit an déi am Lycée du Nord zu Wolz hier Wuerzelen huet.

4 Ausstellungen zu Woltz am Lycée

"Neue Wege der Gedenk- und Erinnerungsarbeit" heescht eng vun de 4 Ausstellungen, di vum Lycée vu Wolz an Zesummenaarbecht mam Naturpark Uewersauer an der "National Liberation Memorial a.s.b.l." entstanen ass a wou t’Schüler weise konnten, wei si sech di zukünfteg Erënnerung un den 2te Weltkrich virstellen. Nieft den Ausstellungen huet e sech zum 75. Joresdag vun der Befreiung vu Wolz, den 21.Januar vun dësem Joer e weideren Dag erausgesicht, fir zesummen mat de Jonken un der Zukunft vun der Erënnerung un den 2te Weltkrich ze schaffen. Um Enn vun dëser Table-Ronde gouf dunn och t’Rucksaackbilbiothéik offiziell un di nächst Schoulen, t’École Privée Sainte-Anne an un t’École nationale pour Adulte, weidergereecht, fir dat si mat hire Schüler zesummen hire Bäitrag un der Erënnerungsaarbecht kenne leeschten. Et sinn also och t’Schoulen, di haut méi wei soss an der Verflichtung stinn, de Schüler vun haut op des Erënnerungsaarbecht opmierksam ze maachen an si fir dëst traureg Kapitel vun eiser Geschicht ze sensibiliséieren. Esou gëtt t’Fakel vun der Erënnerung un déi nächst Generatioun weidergereecht, déi elo schonns bewisen huet, datt se dëser Aufgab gewuess ass, an datt di Jonk vun haut sech Gedanke maachen, fir net ze vergiessen, wou se hier kennt, d’Fräiheetssonn, di si schonns sou laang gesin…

Blumme, Kränz a Gerben 2.0 - Erënnerungsaarbecht am LNW
Blumme, Kränz a Gerben 2.0 - Erënnerungsaarbecht am LNW
Blumme, Kränz a Gerben 2.0 - Erënnerungsaarbecht am LNW
Blumme, Kränz a Gerben 2.0 - Erënnerungsaarbecht am LNW
Blumme, Kränz a Gerben 2.0 - Erënnerungsaarbecht am LNW
Blumme, Kränz a Gerben 2.0 - Erënnerungsaarbecht am LNW