D'Landwirtschaft an der Corona-Kris

23.04.2020

Elo wou t‘Freijoer de Wanter verdriwwen huet fänkt fir de Bauer di aarbechtsintensiv Zäit vum Joer un. Mee wei geet et der Landwirtschaft an dëser Ausnamesituatioun, an der Corona-Kris 2020…

Mir waren 4 Baueren bäi hirer Aarbecht besichen an hunn si mol gefrot, wei si di aktuell Situatioun gesinn, wei si den Alldag meeschteren a wei si t’Zukunft vun der Landwirtschaft duerch di aktuell Pandemie gesinn. Wann e mat de Baueren an de Leit schwätzt, déi an der Landwirtschaft schaffen, stellt e fest, datt villes och an der Landwirtschaft net méi esou ass, wéi et nach virun der Krise war, wouduerch och t’Acteuren an der Landwirtschaft sech Suergen maachen, wei et dann elo wäert weider goen, zemools de wirtschaftleche Stuerm, den des Corona-Kris wäert uriichten, sech esulues um Horizont bemierkbar mëscht.

E Beräich, wou den Ëmsaz staark an t’Luucht gaangen ass, ass de Biosekteur… Eng Grupp, déi souwuel direkten Zougang zu de Bio-Produzenten an zu de Konsumenten huet, ass t’Oikopolis Grupp, wou en zanter Mëtt Mäerz e grousse Wandel erlieft an e staarken Ëmsaz registréiert huet.

Trotz dem staarken Ëmsaz huet en awer och hei missen sech der aktueller Situatioun upassen, fir dem immensen Drock an der Nofro vu baussen entgéintzewierken, dëst net nëmmen an der Produktioun, mee och an dem Verkaf. Zemools am Ufank vun der Pandemie huet en t’Wierkungen besonnesch am logistesche Beräich gemierkt, esou och hei bäi der BIOGROS, en Deel vun der Oikopolis-Grupp, den sech em de Grousshandel këmmert. Besonnesch t’Hamsterkeef vu Mëtt Mäerz hunn och hei hir Spueren hannerlooss.

De Reportage fannt Dir an der aktueller Emissioun vum 22. Abrëll 2020

D'Landwirtschaft an der Corona-Kris
D'Landwirtschaft an der Corona-Kris
D'Landwirtschaft an der Corona-Kris
D'Landwirtschaft an der Corona-Kris
D'Landwirtschaft an der Corona-Kris
D'Landwirtschaft an der Corona-Kris
D'Landwirtschaft an der Corona-Kris
D'Landwirtschaft an der Corona-Kris
D'Landwirtschaft an der Corona-Kris
D'Landwirtschaft an der Corona-Kris
D'Landwirtschaft an der Corona-Kris
D'Landwirtschaft an der Corona-Kris
D'Landwirtschaft an der Corona-Kris
D'Landwirtschaft an der Corona-Kris