Re-Ouverture vun de Lycéeën - Zréck an d'Normalitéit?

06.05.2020

Hei kommt Dir direkt bäi de Reportage

No 7 Wochen Homeschooling hunn d’Schoulen dëse Méindeg hier Dieren erëm opgemaach, dëst awer an enger éischter Phase just fir d’Ofschlossklassen, an enger zweeter Phase sollen dann ab dem nächste Méindeg alleguerten d’Schüler ofwiesselend erëm an de genoss kommen, fir hier Schoul erëm kenne vu bannen ze gesinn.  Mir waren dëse Méindeg an 3 Lycée kucken, wei sech di eenzel Lycéeën op des Re-Rentrée preparéiert hunn a wei d’Schüler an d’Personal mat dëser neier Situatioun emginn. Di éischt Impressioune moies um hallwer Aacht am Lycée du Nord zu Wolz, wou eng 80 Schüler haut perséinlech vum Direkter begréisst ginn.

Fir de social Distanzing och an de Lycéeën oprechtzëerhalen, goufe Sécherheetsmesuren agefouert, déi souwuel eng zäitlech wie och eng raimlech Trennung vun de Schüler erméigleche soll.

Et muss en sech virstellen, datt d’Direktioun an d’Personal vun de Lycéeën innerhalb kierzter Zäit net nëmmen nei Sécherheetsmesuren hu misse schafen, mee och e komplett neie Stonneplang op d’Been hu misse stellen, fir de soss normalerweis eng ganz Summervakanz zur Verfügung steet.

Och am Lycée Technique Agricole zu Ettelbréck probéiert en, lues a lues erëm an d’Normalitéit zréck ze fannen….  13 Ofschlossklasse sinn hei als éischt erëm ugetrueden an an 2 Gruppen opgedeelt, wouduerch insgesamt ronn 50 Schüler zanter dësem Méindeg erëm d’Schoulbänk drecken. 

E Lycée, den nach eng weider Woch Preparatiounszäit huet, ass de Lycée Edward Steichen vu Clierf. Mat ronn 400 Schüler vu 7eme bis aktuell 2emes-Klassen zielt dësen neie Lycée zu dene mi klenge Lycéeën am Norden… Trotzdeem gëllt et och hei, sech gutt op d’Reouverture ze prepareieren.

Fir all des Mesurë kennen adequat ëmzesetze brauch e natierlech dat entspriechend Material… Heifir konnten d’Schoulen och op Material zréckgräifen, wat vum Ministère zur Verfügung gestallt gëtt an op verschidde Platzen am Land verdeelt gouf.

Fläisseg gëtt also an de Lycéeën dru geschafft, fir d’Sécherheet vun de Schüler a vum Personal ze garanteieren… Et gesäit en awer, datt et keng einfach Aufgab ass an dass d’Mesuren, déi getraff ginn, un d’Struktur vun dem Gebai muss adaptéiert ginn… Nach huet en e bësschen Zäit, de Feischlëff ze maachen, fir dass en ab dem nächste Méindeg fir di grouss Re-Ouverture vun de Lycéeë gutt präparéiert ass.

Och wann des Entscheedung vun dëser Re-Ouverture staark polariséiert, 96 Prozent vun de concernéierte Schüler haten e Méindeg erëm um reguläre Schoulalldag deelgeholl an hunn duerfir gesuergt, datt wéinstens hei an de Lycéeën erëm e bësschen Normalitéit an den Alldag agekéiert ass.

De ganze Reportage fannt Dir ënnert dësem Link.