* * *

# Appell un d'Vernonft um Stauséi

	
16.07.2020


	
Pünktlech zum Optakt vun der Summervakanz rifft de Naturpark Uewersauer op, sech dringend un d'Reegelen um Stauséi ze halen, wou jo wéi gewosst dat gréissten Drénkwaasserreservoir vu Lëtzebuerg läit.

An der leschter Zäit ass nämlech opgefall, datt ëmmer nees Feier op de Plagë gemaach, Dreck an d'Natur geheit, Hënn mat op d'Plage bruecht goufen a wëll campéiert gëtt.

Duerfir huet de Naturpark Uewersauer e Guide publizéiert, wou opgelëscht ass, wat en am Naturpark duerf a wat net.

Di jeeweileg Dokumenter fannt Dir hei souwuel op Däitsch wei och op Franséisch.

			
			
			
[![Appell un d&#39;Vernonft um Stauséi](/thumbnails/96908-800-450-Crop.jpg)](/files/96908.jpg "Appell un d&#39;Vernonft um Stauséi")

[![Naturpark Öewersauer - Appell un d&#39;Vernonft um Stauséi](/thumbnails/96909-800-450-Crop.jpg)](/files/96909.jpg "Naturpark Öewersauer - Appell un d&#39;Vernonft um Stauséi")

Naturpark Öewersauer

[![Naturpark Öewersauer - Appell un d&#39;Vernonft um Stauséi](/thumbnails/96910-800-450-Crop.jpg)](/files/96910.jpg "Naturpark Öewersauer - Appell un d&#39;Vernonft um Stauséi")

Naturpark Öewersauer

[![Copyright Dino Cosic - Appell un d&#39;Vernonft um Stauséi](/thumbnails/96912-800-450-Crop.jpg)](/files/96912.jpg "Copyright Dino Cosic - Appell un d&#39;Vernonft um Stauséi")

Copyright Dino Cosic

[![Naturpark Öewersauer - Appell un d&#39;Vernonft um Stauséi](/thumbnails/96913-800-450-Crop.jpg)](/files/96913.jpg "Naturpark Öewersauer - Appell un d&#39;Vernonft um Stauséi")

Naturpark Öewersauer

[![Naturpark Öewersauer - Appell un d&#39;Vernonft um Stauséi](/thumbnails/96911-800-450-Crop.jpg)](/files/96911.jpg "Naturpark Öewersauer - Appell un d&#39;Vernonft um Stauséi")

Naturpark Öewersauer

[Suchen](javascript:__doPostBack%28&#39;C$T$DefaultRegion$M6767$ctl00$btnSearch&#39;,&#39;&#39;%29)