* * *

| Url | [https://www.nordliicht.lu/neiegkeeten/220720-reservatioun-um-stausei/](https://www.nordliicht.lu/neiegkeeten/220720-reservatioun-um-stausei/) |
| --- | --- |
| MetaTitle | Réservatioun um Stauséi - Nordliicht - Fernseh - Norde Letzebuerg |
| --- | --- |
| MetaDescription | Réservatioun um Stauséi. Neiegkeeten. Nordliicht as de Fernseh aus dem Norde vu Lëtzebuerg an huet als Ziel fir dës Regioun ze beliewen, wou nëmmen 70.000 Awunner wunnen |
| --- | --- |

# Réservatioun um Stauséi

	
22.07.2020


	
![](/files/96991.jpg)

Opgrond vun dem heigen Undrang op de Plagen vum Stauséi huet de Naturpark Öewersauer elo decidéiert, ab dësem Weekend e Réservatiounssystem anzeféieren. Soumat ass et ab dem kommende Weekend obligatoresch seng Plaz op de Plage ronderëm de Stauséi am Virfeld ze reservéieren. Dëse System gëllt fir all 6 Plagen ronderëm de Séi:

- Insenborn Plage 1 "An der Baech" : 800 Platzen

- Insenborn Plage 2 "Fuussefeld" : 500 Platzen

- Lultzhausen : 200 Platzen

- Burfelt: 300 Platzen

- Liefrange: 400 Platzen

- Rommwiss: 300 Platzen

Fir sécherzestellen, datt och wierklech just Leit op de Plage sinn, déi reservéiert hunn, ass extra eng privat Sécherheetsfirma mat bäigezu ginn.

Reservéieren kann en seng Platz op [www.visit-eislek.lu](http://www.visit-eislek.lu) oder iwwert d'Éislek-App an ass gratis.

Alleguer d'Detailer fannt dir am Communiqué an der Annexe.

			
            
[pdf 220720_-_communiqueplages](/files/96989.pdf)

			
			
[![Foto: Guy Krier - Réservatioun um Stauséi](/thumbnails/96990-800-450-Crop.jpg)](/files/96990.jpg "Foto: Guy Krier - Réservatioun um Stauséi")

Foto: Guy Krier

[Sichen](javascript:__doPostBack%28&#39;C$T$DefaultRegion$M6767$ctl00$btnSearch&#39;,&#39;&#39;%29)