* * *

| Url | https://www.nordliicht.lu/actualites/vum-januar-un-ass-nordliicht-net-mei/ |
| --- | --- |
| MetaTitle | Vum Januar 2024 un ass NORDLIICHT net méi um Lëtzebuerger Kanal - Nordliicht - Télévision régionale - Nord Luxembourg |
| --- | --- |
| MetaDescription | Vum Januar 2024 un ass NORDLIICHT net méi um Lëtzebuerger Kanal. Dernières nouvelles. Nordliicht est le programme de télévision du Nord du Grand-Duché de Luxembourg, une région qui ne compte que quelque 70.000 habitants |
| --- | --- |

# Vum Januar 2024 un ass NORDLIICHT net méi um Lëtzebuerger Kanal

	
30.12.2023


	
**Vum Januar 2024 un ass NORDLIICHT net méi um Lëtzebuerger Kanal**

Vum Januar 2024 un gëtt NORDLIICHT net méi um Lëtzebuerger Kanal vun Eltrona/Telenet an deemno och net op der Tëlee vun der Post diffuséiert. Well den dok., deen dëse Kanal géréiert huet, den 31.12.23 ophällt, ass nach net geklärt wéi et mam Lëtzebuerger Kanal virugeet. Mir sinn awer amgaang un enger Léisung ze schaffen.

NORDLIICHT kënnt Der awer weiderhinn zu de gewinnten Zäite mëttwochs a sonndes an de Kabelnetzer zu Dikrech, Ettelbréck, Wäiswampech an Ëlwen gesinn. Sonndes um 13.00 Auer bleift och d’Ausstralung iwwer RTL.

Op dësem Site nordliicht.lu kënnt Der natierlech och zu allen Zäiten eis Emissioune kucken.

			
			
			
[![Vum Januar 2024 un ass NORDLIICHT net méi um Lëtzebuerger Kanal](/thumbnails/113880-800-450-Crop.jpg)](/files/113880.jpg "Vum Januar 2024 un ass NORDLIICHT net méi um Lëtzebuerger Kanal")

[Rechercher](javascript:__doPostBack%28'C$T$DefaultRegion$M6767$ctl00$btnSearch',''%29)