* * *

# CORONAVIRUS : Informatiounen aus äre Gemengen

	
29.03.2020


	
*Läscht Aktualiséierung: Samschdeg, den 29.03.2020 um 17:28*

Hei fannt Dir all Informatiounen zum Thema CORONAVIRUS aus Ärer Gemeng. Mir maachen eist Bescht fir d'Informatiounen aktuell ze halen.

Nordliicht stellt seng Internet-Plattform och zur Verfügung, fir datt Äre Buergermeeschter Iech di néideg Informatiounen kann hei matdeelen. Bis elo hunn folgend Buergermeeschteren d'Wuert un hier Bierger geriicht:

[Woltz](/programm/nordliicht--maerz/coronavirus-informatiounen-aus-are-gemengen-woltz/) ; [Esch-Sauer](/programm/nordliicht--maerz/coronavirus-informatiounen-aus-are-gemengen-esch-s/) ; [Géisdref](/programm/nordliicht-aktuell-vum--maerz/coronavirus-informatiounen-aus-are-gemengen-geisdr/) ; [Clierf](/programm/nordliicht-aktuell-vum--maerz/coronavirus-informatiounen-aus-are-gemengen-clierf/) ; [Biekerech](/programm/4677/coronavirus-informatiounen-aus-are-gemengen-bieker/) ; [Buurschent](/programm/4677/coronavirus-informatiounen-aus-are-gemengen-buursc/) ; [Wëntger](/programm/4678/coronavirus-informatiounen-aus-are-gemengen-wentge/) ; [Veianen](/programm/4678/coronavirus-informatiounen-aus-are-gemengen-veiane/) ; [Mäerzeg](/programm/4678/coronavirus-informatiounen-aus-are-gemengen-maerze/)

* * *

**Direkt op Är Gemeng goen:**

National ; Nordstad ; Bauschelt ; Bettenduerf ; Bieckerech ; Buurschent ; Clierf ; Colmer-Bierg ; Dikrech ; Ell ; Ëlwen ; Esch-Sauer ; Ettelbréck ; Feelen ; Fiels ; Géisdref ; Groussbus ; Ierpeldeng un der Sauer ; Kiischpelt ; Mäerzeg ; Miersch ; Park Housen ; Pëtschent ; Préizerdaul ; Rammerech ; Réiden ; Reisduerf ; Schieren ; Sëll ; Stauséigemeng ; Tandel ; Useldeng ; Veianen ; Viichten ; Wahl ; Wanseler ; Wäiswampech ; Wëntger ; Woltz

* * *

**NATIONAL**

HOTLINE: 8002 80 80

[Di Haaptadress vun der Regierung fir Informatiounen iwwert de Coronavirus](https://msan.gouvernement.lu/fr/dossiers/2020/corona-virus.html)

[www.infocrise.lu](http://www.infocrise.lu)

Mellt Iech un enner [sms2citizen.lu](http://www.sms2citizen.lu)   --&gt; Hei kritt Dir Informatiounen aus Ärer Gemeng per SMS direkt op Ären Handy geschéckt!

Iwwer [https://corona.letzshop.lu](https://corona.letzshop.lu) kënne vulnerabel Persounen hier Akeef online bestellen.

[Hei eng Lëscht](https://www.cmg.lu/accueil.html)mat den Hausdokteren, déi de Weekend ze erreeche sinn.

Op [www.legilux.lu](http://www.legilux.lu) fënnt een di aktuell Gesetzestexter, déi am Kader vun der Pandemie beschloss goufen, ënner anerem och [t'Mesuren vum 18.03.2020](http://data.legilux.public.lu/file/eli-etat-leg-rgd-2020-03-18-a165-consolide-20200320-fr-pdf.pdf)

Jiddereen, deen zu Lëtzebuerg am Gesondheetsberäich schafft bzw. schaffe kann, muss sech an der "Reserve sanitaire" aschreiwen. Och Volontaires gi gesischt. Weider Informatiounen op [www.govjobs.lu](http://www.govjobs.lu)

Et existéiert eng Solidaritéitsaktioun, [de Schnëss-Telefon](/files/94718.jpg), wou en an dëser schwéierer Zäit t'Méiglechkeet huet, einfach unzeruffen, fir mat anere Leit ze schwätzen. Weider Informatiounen op hirer [Facebooksäit](https://www.facebook.com/groups/518598932425933/)

De SATEC huet eng [Informatiounssäit](https://statistiques.public.lu/fr/Dossier-Coronavirus-1/index.html) iwwert t'Coronapandemie online gesat.

* * *

**NORDSTAD**

27.03.2020 - D'Equipe vum Club Senior Nordstad huet eng [Solidaritéitsaktioun](/files/94722.pdf) lancéiert

23.03.2020 - De Parking virun der Däichhal ass vun elo u fir de Public gespaart. Hei ensteet an den nexten Deeg e „Centre de soins avancés“. De Rescht vum Däichparking ass vun elo u gratis.

20.03.2020 - De Bummelbus bidd ab dem 23.03.2020 e Liwwerservice fir all séng Partnergemengen un --&gt; [Informatiounsblat](/files/94476.pdf)

20.03.2020 - Hëllefsinitiativen an der Nordstad fir Senioren --&gt;[Informatiounsblat](/files/94474.pdf)

17.03.2020 - En [Informatiounsblat](/files/94413.pdf) iwwert de SENIORENTELEFON NORDSTAD (26 81 37 43)

* * *

**BAUSCHELT**

24.03.2020 - De Club Uewersauer sicht fläisseg Hänn [fir Masken ze bitzen](/files/94521.jpg)

23.03.2020 - D'Gemeng huet eng [Informatiounssäit](https://www.boulaide.lu/fr/Pages/COVID-19.aspx) online gesat.

20.03.2020 - De Club Uewersauer bitt seng Hëllef un --&gt; [Flyer](/files/94477.pdf)

17.03.2020 - [De CIGR vu Woltz hëlleft och an der Bauschelt](/files/94435.pdf) ****

Weider Informatiounen: [www.boulaide.lu](http://www.boulaide.lu)

* * *

**BETTENDUERF**

23.03.2020 - De SIDEC liwwert an der Gemeng keng nei Dreckskëschte méi aus --&gt; [Schreiwes](/files/94505.pdf)

20.03.2020 - Hëllefsinitiativen an der Nordstad fir Senioren --&gt;[Informatiounsblat](/files/94474.pdf)

16.03.2020 - D'Büroe vun der Gemengeverwaltung sinn net mi accessibel fir de Public bis de 27.03.2020 inclus. Weider Informatiounen a Kontakt-Daten um [Informatiounsblat](/files/94452.pdf).

17.03.2020 - En [Informatiounsblat](/files/94413.pdf) iwwert de SENIORENTELEFON NORDSTAD (26 81 37 43)

19.03.2020 - De Club des Jeunes Bettenduerf bitt sech un fir Commissioune maachen ze goen. [Weider Informatiounen](/files/94453.pdf).

Weider Informatiounen: [www.bettendorf.lu](http://www.bettendorf.lu)

* * *

**BIEKERECH**

21.03.2020 - [Interview mam Buergermeeschter Thierry Lagoda](/programm/4677/coronavirus-informatiounen-aus-are-gemengen-bieker/)

19.03.2020 - D'Gemeng huet ee Versuechungsdéngscht mat noutwennegen Liewensmëttel a Medikamenter zu Gonschten vu senge vulnerabelen Awunner op d'Been gesat --&gt; [Informatiounsblat](/files/94458.jpg)

13.03.2020 - D'Gemeng bleift fir hier Awunnner op, et soll en awer prioritär iwwer Telefon (23 62 21 1) oder iwwer Post Kontakt ophuelen

Weider Informatiounen: [www.beckerich.lu](http://www.beckerich.lu)

* * *

**BUURSCHENT**

21.03.2020 - [Interview mat der Buergermeeschtesch Annie Nickels-Theis](/programm/4677/coronavirus-informatiounen-aus-are-gemengen-buursc/)

20.03.2020 - Hëllefsinitiativen an der Nordstad fir Senioren --&gt;[Informatiounsblat](/files/94474.pdf)

18.03.2020 - Buurschent huet e [Communiqué](/files/94414.pdf) erausginn, an dem all wesentlech Informatiounen fir d'Bierger zur Verfügung gestallt ginn.

17.03.2020 - D'Gemeng huet e Liwwerdéngscht fir vulnerabel Persoune gestart --&gt; [Informatiounsblat](/files/94475.pdf)

Weider Informatiounen: [www.bourscheid.lu](http://www.bourscheid.lu)

* * *

**CLIERF**

25.03.2020 - D'Gemeng huet en [Informatiounsblat](/files/94719.jpg) erausginn.

25.03.2020 - [Ënnerstëtzt de lokalen Handel](https://www.clervaux.lu/de/neuigkeit/ref/nnersttzt-de-lokalen-handel-4402.html)

24.03.2020 - [Lokal Restauranten - Iesse fir mat ze huelen](https://www.clervaux.lu/de/neuigkeit/ref/lokal-restauranten-iesse-fir-mat-ze-huelen-4401.html)

20.03.2020 - Clierf huet e Molconcours fir d'Kanner lancéiert --&gt; [Informatiounen](https://www.clervaux.lu/de/neuigkeit/ref/molconcours-fir-dschueler-aus-der-gemeng-4398.html)

19.03.2020 - [Interview mam Buergermeeschter Emile Eischer](/programm/nordliicht-aktuell-vum--maerz/coronavirus-informatiounen-aus-are-gemengen-clierf/)

18.03.2020 - [Liwwerdéngscht zesummen mam Forum pour l'Emploi](https://www.clervaux.lu/de/neuigkeit/ref/lieferdienst-4397.html)

18.03.2020 - [D'Scouten vu Clierf hellefen.](/files/94440.png)

16.03.2020 - Clierf huet e Verbuet ausgesprach, fir d'Spillplazen ze benotzen.

16.03.2020 - D'Büroen vun der Gemeng si just iwwer Rendezvousen zougänglech. An dréngende Fäll kann en sech iwwer Telefon informéieren: 27 800-1 oder per Mail: secretariat@clervaux.lu

Weider Informatiounen: [www.clervaux.lu](http://www.clervaux.lu)

* * *

**COLMER-BIERG**

20.03.2020 - Hëllefsinitiativen an der Nordstad fir Senioren --&gt;[Informatiounsblat](/files/94474.pdf)

16.03.2020 - [Zesumme si mir staark](https://www.colmar-berg.lu/fr/Pages/Zesumme-si-mir-staark.aspx) - Tel: 83 55 43-221  oder per Mail: info@colmar-berg.lu

17.03.2020 - En [Informatiounsblat](/files/94413.pdf) iwwert de SENIORENTELEFON NORDSTAD (26 81 37 43)

Weider Informatiounen: [www.colmar-berg.lu](http://www.colmar-berg.lu)

* * *

**DIKRECH**

21.03.2020 - D'Gemeng huet eng [Säit iwwert den Hausliwwerdéngscht](https://www.diekirch.lu/fr/commune-de-diekirch/actualite/default-9905efe1ee) online gesat.

20.03.2020 - Hëllefsinitiativen an der Nordstad fir Senioren --&gt;[Informatiounsblat](/files/94474.pdf)

17.03.2020 - En [Informatiounsblat](/files/94413.pdf) iwwert de SENIORENTELEFON NORDSTAD (26 81 37 43)

16.03.2020 - Dikrech huet all séng administrativ Büroen fir de Public zougemaach. Dës sinn awer telefonesch (808780-1) an iwwer Mail ([commune@diekirch.lu](mailto:commune@diekirch.lu)) ereechbar -&gt; [Weider informatiounen](https://www.diekirch.lu/fr/commune-de-diekirch/actualite/covid-19-informations-au-public-1)

Weider Informatiounen: [www.diekirch.lu](http://www.diekirch.lu)

* * *

**ELL**

17.03.2020 - De Rehazenter vun Nidderkolpech iwwerhëllt d'Aufgab vun engem Epidemie-Zentrum. Wgl. fir all net betraffe Persounen den Areal meiden!

17.03.2020 -All ëffentlech Plazen (Spill- a Sportplazen) sinn net méi fir de Public op.

13.03.2020 - d'Büroe vun der Gemeng bleiwen fir de Public zou. D'Administratioun ass weiderhin ze ereeche per Telefon oder Mail. Die néideg Informatiounen fannt Dir op der [Websäit vun Ell](http://www.ell.lu/).

Weider Informatiounen: [www.ell.lu](http://www.ell.lu)

* * *

**ËLWEN**

19.03.2020 - Ëlwen huet e Verbuet fir d'Benotzen vun Gemengesäll, Sportsinfrastrukturen an der Piscine ausgesprach --&gt; [Communiqué](/files/94459.pdf)

18.03.2020 - [D'Scouten vu Clierf hellefen.](/files/94440.png)

17.03.2020 - Ëlwen huet en [Informatiounsblat](/files/94460.pdf) erausginn.

17.03.2020 - All d'Spillplazen an der Gemeng sinn zou.

17.03.2020 - D'Gemeng bied all vulnerabel Leit, doheem ze bleiwen. D'Gemeng bitt eng Berodungsstell fir Leit un, déi net akafe kënne goen: 99 80 50 1 . Och huet d'Gemeng e Service "Essen auf Rädern" : 691 82 15 44

Weider Informatiounen: [www.troisvierges.lu](http://www.troisvierges.lu)

* * *

**ESCH-SAUER**

27.03.2020 - Am Fall vun Angschtzoustänn huet d'Gemeng en [Informatiounsblat](/files/94720.pdf) erausginn.

24.03.2020 - De Club Uewersauer sicht fläisseg Hänn [fir Masken ze bitzen](/files/94521.jpg)

20.03.2020 - De Club Uewersauer bitt seng Hëllef un --&gt; [Flyer](/files/94477.pdf)

19.03.2020 - D'Gemeng huet zesummen mam Forum pour l'emploi e Liwwerdéngscht agefouert --&gt; [Umeldungsformulaire](/files/94461.pdf)

18.03.2020 - [Interview mam Buergermeeschter Marco Schank](/programm/nordliicht--maerz/coronavirus-informatiounen-aus-are-gemengen-esch-s/)

18.03.2020 - Esch-Sauer huet e Verbuet fir [Spillplazen](/files/94416.pdf) an d'[ëffentlech Plagen](/files/94417.pdf) erausginn.

17.03.2020 - Esch-Sauer huet e [Communiqué](/files/94415.pdf) erausginn, an dem all wesentlech Informatiounen fir d'Bierger zur Verfügung gestallt ginn.

17.03.2020 - [De CIGR vu Woltz hëlleft och an der Gemeng Esch-Sauer](/files/94435.pdf)

Weider Informatiounen: [www.esch-sur-sure.lu](http://www.esch-sur-sure.lu)

* * *

**ETTELBRÉCK**

26.03.2020 - De gréissten Deel vun de Parkplazen zu Ettelbréck sinn ab elo gratis. Net gratis sinn d'Parkplazen bäi der Gemeng, bäi der "Place de la Libération" an bäi der Platz Marie-Adélaïde --&gt; [Informatiounssäit](http://ettelbruck.lu/blog/avis/la-plupart-des-parkings-desormais-gratuits-a-ettelbruck/)

23.03.2020 - De Parking virun der Däichhal ass vun elo u fir de Public gespaart. Hei ensteet an den nexten Deeg e „Centre de soins avancés“. De Rescht vum Däichparking ass vun elo u gratis.

20.03.2020 - Ettelbréck huet en [Informatiounssäit](http://ettelbruck.lu/coronavirus/) online gesat.

20.03.2020 - Hëllefsinitiativen an der Nordstad fir Senioren --&gt;[Informatiounsblat](/files/94474.pdf)

17.03.2020 - En [Informatiounsblat](/files/94413.pdf) iwwert de SENIORENTELEFON NORDSTAD (26 81 37 43)

16.03.2020 - Ettelbréck huet eng Websäit fir hier Bierger ageriicht, wou all Informatiounen iwwer COVID-19 ze fanne sinn --&gt; [https://ettelbruck.lu/coronavirus/](https://ettelbruck.lu/coronavirus)

Weider Informatiounen: [www.ettelbruck.lu](http://www.ettelbruck.lu)

* * *

**FEELEN**

26.03.2020 - D'Gemeng huet eng eege Rubrik fir all Informatiounen iwwert COVID-19 op hirer Internetsäit integréiert. Dir fannt des Rubrik direkt am Menü ënnert dem Logo op der [Haaptsäit](https://www.feulen.lu/fr/Pages/default.aspx).

20.03.2020 - Hëllefsinitiativen an der Nordstad fir Senioren --&gt;[Informatiounsblat](/files/94474.pdf)

16.03.2020 - D'Büroe vun der Gemeng Feelen si fir de Public bis op weideres (ausser op Rendezvous) zou. Haapttelefonsnummer: 81 27 47 1

Weider Informatiounen: [www.feulen.lu](http://www.feulen.lu)

* * *

**FIELS**

20.03.2020 - D'Gemeng huet eng [Säit online](https://www.larochette.lu/fr/Pages/Avis-%c3%a0-la-population-du-20-mars.aspx) gesat, wou en weider Informatioune fënnt, och all Déngschter/Restauranten, déi liwweren.

18.03.2020 - D'Gemeng Fiels huet [en Informatiounsblat](/files/94425.pdf)fir Betrieber online gesat.

17.03.2020 - D'Fiels huet en [Informatiounsblat](/files/94462.pdf) fir d'Bierger erausginn.

17.03.2020 - Fir **administrativ** Informatiounen: 83 70 38 - 1. Fir "**repas sur roues**" : 402080-3400. De **CIGR Mëllerdall** bidd Awunner iwwer 60 Joer Akafshëllef un: 28 80 80 oder [mellerdall@cig.lu](mailto:mellerdall@cigr.lu)

17.03.2020 - All Spill- a Sportsplaze sinn zou.

16.03.2020 - D'Schlass aus der Fiels ass fir de Public zou.

Weider Informatiounen: [www.larochette.lu](http://www.larochette.lu)

* * *

**GÉISDREF**

24.03.2020 - De Club Uewersauer sicht fläisseg Hänn [fir Masken ze bitzen](/files/94521.jpg)

20.03.2020 - D'Gemeng huet en [Informatiounsblat](/files/94497.pdf) mat allen Hëllefsaktiounen fir hir Gemeng erausginn.

20.03.2020 - De Club Uewersauer bitt seng Hëllef un --&gt; [Flyer](/files/94477.pdf)

19.03.2020 - [Interview mam Buergermeeschter Jean-Paul Mathay](/programm/nordliicht-aktuell-vum--maerz/coronavirus-informatiounen-aus-are-gemengen-geisdr/)

19.03.2020 - D'Gemeng huet eng [offiziell Matdeelung](/files/94463.pdf) mat wichtegen Informatiounen online gesat.

18.03.2020 - D'Gemengeverwaltung ass fir de Public zou. D'Gemengeservicer sinn awer ze ereechen: 83 92 70 (vun 9:00 - 12:00 a vun 13:00 - 16:00) oder [commune@goesdorf.lu](mailto:commune@goesdorf.lu)

17.03.2020 - [De CIGR vu Woltz hëlleft och an der Gemeng Géisdref](/files/94435.pdf)

17.03.2020 - Spillplazen an aaner ëffentlech Plazen sinn zou.

Weider Informatiounen: [www.goesdorf.lu](http://www.goesdorf.lu)

* * *

**GROUSSBUS**

20.03.2020 - D'Gemeng huet eng [Informatiounssäit](http://www.groussbus.lu/html/covid-19/) online gesat.

19.03.2020 - [Communiqué vum Schäfferot](/files/94478.pdf)

17.03.2020 - Verschidde Veräiner bidden Hëllef un: [Gutt Noperen asbl](/files/94426.pdf) ; [Groussbusser Scouten](/files/94427.pdf)

17.03.2020 - All Spillplazen sinn zou.

16.03.2020 - D'Büroe bleiwen zou, d'Gemengeverwaltung ass awer iwwer Telefon oder Mail erreechbar --&gt; [Avis officiel Grousbous](/files/94428.pdf)

Weider Informatiounen: [www.groussbus.lu](http://www.groussbus.lu)

* * *

**IERPELDENG un der Sauer**

20.03.2020 - Hëllefsinitiativen an der Nordstad fir Senioren --&gt;[Informatiounsblat](/files/94474.pdf)

19.03.2020 - De Club des jeunes Ierpeldeng huet en [Informatiounsblat](/files/94464.pdf) erausginn, fir Kommissiounen fir vulnerabel Leit ze maachen

19.03.2020 - D'Gemeng huet en [Avis au Public](/files/94465.pdf) erausginn mat alle wichtegen Informatiounen.

17.03.2020 - En [Informatiounsblat](/files/94413.pdf) iwwert de SENIORENTELEFON NORDSTAD (26 81 37 43)

16.03.2020 - All Gebailechkeete vun der Gemeng sinn zou (Gemeng op Rendezvous). All wichteg Telefonsnummere fannt Dir an dësem [Informationsblat](/files/94430.pdf) ****

Weider Informatiounen: [www.erpeldange.lu](http://www.erpeldange.lu)

* * *

**KIISCHPELT**

20.03.2020 - De Kiischpelt rifft séng Bierger nach eng Kéier op --&gt; [Bleift doheem!](https://www.kiischpelt.lu/fr/Pages/Bleift-doheem.aspx)

18.03.2020 - [D'Scoute vu Clierf hellefen.](/files/94440.png)

17.03.2020 - [De CIGR vu Woltz hëlleft och am Kiischpelt](/files/94435.pdf)

13.03.2020 - D'Diere vun der Gemengeverwaltung bleiwen, ausser fir dréngend noutwendeg Démarchen, zou. Fir Informatiounen oder Rendezvous - Tel: 92 14 45 1,  [secretariat@kiischpelt.lu](mailto:secretariat@kiischpelt.lu)

Weider Informatiounen: [www.kiischpelt.lu](http://www.kiischpelt.lu)

* * *

**MÄERZEG**

27.03.2020 - D'Gemeng huet eng nei Matdeelung un d'Awunner eraus ginn --&gt; [LU](/files/94762.pdf) ; [FR](/files/94763.pdf)

23.03.2020 - [Interview mat dem Buergermeeschter Mike Poiré](/programm/4678/coronavirus-informatiounen-aus-are-gemengen-maerze/)

23.03.2020 - D'Gemeng huet eng [Informatiounssäit](https://www.mertzig.lu/coronavirus-informations-mars-2020/) online gesat. D'Matdeelung un d'Awunner fënnt en och hei --&gt; [LU](/files/94501.pdf) ; [FR](/files/94502.pdf)

20.03.2020 - Hëllefsinitiativen an der Nordstad fir Senioren --&gt;[Informatiounsblat](/files/94474.pdf)

17.03.2020 - Mäerzeg huet e [Communiqué](/files/94412.pdf) erausginn, an dem all wesentlech Informatiounen fir d'Bierger zur Verfügung gestallt ginn.

Weider Informatiounen: [www.mertzig.lu](http://www.mertzig.lu)

* * *

**MIERSCH**

23.03.2020 - D'Gemeng huet en Informatiounsblat mat zwee Servicer fir vulnérabel Leit publizéiert --&gt; [FR](/files/94522.pdf) ; [LU](/files/94523.pdf)

20.03.2020 - D'Gemeng huet en [Informatiounsblat](/files/94496.pdf) mat alle Restauranten online gesat, déi "plats à emporter / livraison à domicile" ubidden.

19.03.2020 - En Update iwwert dat, wat zou ass an der Gemeng --&gt; [Link](https://www.mersch.lu/actualites/article/2020/03/update-covid-19-fermetures-et-annulations)

18.03.2020 - D'Gemeng Miersch huet seng Dieren ausser fir dréngend noutwendeg Fäll zou. D'Gemeng ass awer bis 16 Auer iwwer Telefon (325023-1) an iwwer Mail ([info@mersch.lu](mailto:info@mersch.lu)) ze erreechen.

17.03.2020 - De SIDEC huet seng Dieren zou.

17.03.2020 - All Spill- a Sportsplazen hunn zou.

Weider Informatiounen: [www.mersch.lu](http://www.mersch.lu)

* * *

**PARK HOUSEN**

20.03.2020 - Hëllefsinitiativen an der Nordstad fir Senioren (Wuelessen)--&gt;[Informatiounsblat](/files/94474.pdf)

16.03.2020 - D'Gemeng huet seng Dieren ausser fir dréngend noutwendeg Fäll zou. D'Gemeng ass fir **dréngend Fäll** awer iwwer Telefon (92 13 41) an iwwer Mail (population@hosingen.lu) ze erreechen.

Uffälleg Leit kënne sech fir all Hëllefstellungen mellen um 92 13 41 .

De "**Repas sur Roues**" bleift assuréiert: 929598-325

13.03.2020 - De SISPOLO deelt mat, datt all d'Gebaier am Parc Housen zou bleiwen.

Weider Informatiounen: [www.hosingen.lu](http://www.hosingen.lu)

* * *

**PËTSCHENT**

20.03.2020 - Pëtschent huet eng [Aktualitéitesäit](https://www.putscheid.lu/fr/Pages/Coronavirus---NEWS.aspx) fir d'Gemeng opgestallt

17.03.2020 - D'Spillplaatzen bleiwe fir de Public zou.

16.03.20202 - D'Gemeng Pëtschent bitt de vulnerabele Leit e Liwwerdéngscht un: 28 55 93.

16.03.2020 - D'Gemeng huet seng Dieren zou. D'Gemeng ass fir dréngend Fäll awer iwwer Telefon (28 55 93) ze erreechen. ****

16.03.2020 - De "**Repas sur Roues**" bleift assuréiert: 929598-325

Weider Informatiounen: [www.putscheid.lu](http://www.putscheid.lu)

* * *

**PRÉIZERDAUL**

23.03.2020 - D'Personal vun der Maison Relais an d'Gemeng bidden un, fir vulnérabel Leit akafen ze goen --&gt; [offiziell Matdeelung](/files/94506.pdf)

20.03.2020 - [Offiziell Matdeelung vum Schäfferot](/files/94479.pdf)

18.03.2020 - D'Scouten vun der FNEL bidden hier hëllef un - Tel: 27 400 496 ; Mail: ba@fnel.lu

18.03.2020 - D'Büroe vun der Gemeng bleiwen zou. Et kann en sech awer op verschiddenen Telefonsnummere mellen: [Hei den offiziellen Avis](/files/94431.pdf)

17.03.2020 - D'Gemeng bitt zesummen mat der Maison Relais Hëllef un: [Hei dat offiziellt Dokument](/files/94432.pdf)

17.03.2020 - D'Spillplaze bleiwen zou.

Weider Informatiounen: [www.preizerdaul.lu](http://www.preizerdaul.lu)

* * *

**RAMMERECH**

26.03.2020 - D'Gemeng huet e Molconcours fir d'Kanner aus der Gemeng lancéiert --&gt; [LU](/files/94725.jpg) , [FR](/files/94724.jpg)

18.03.2020 - D'Scouten hëllefen: 27 400 496   bzw. [ba@fnel.lu](mailto:ba@fnel.lu) --&gt; [Weider Informatiounen](https://www.rambrouch.lu/fr/Pages/Braucht-dir-H%c3%abllef.aspx)

18.03.2020 - Offäll aus dem Gaart kënnen net méi bäi der "BELCHE" ofgi ginn.

18.03.2020 - D'Maison Relais ([maisonrelais@rambrouch.lu](mailto:maisonrelais@rambrouch.lu)) ass fir den Noutfall och erreechbar ënnert (10:00 - 12:00) 621 188 275.

17.03.2020 - [De CIGR vu Woltz hëlleft och an der Gemeng Rammerech](/files/94435.pdf)

17.03.2020 - All Spill- a Sportsplazen sinn zou

16.03.2020 - Den Accueil vun der Gemeng ass zou (Just fir Noutfäll). Tel: 23 64 09-30 bzw. [biergercenter@rambrouch.lu](mailto:biergercenter@rambrouch.lui)

Weider Informatiounen: [www.rambrouch.lu](http://www.rambrouch.lu)

* * *

**RÉIDEN**

27.03.2020 - Och dat Réidener Drénkwaasser kann en ouni Bedenke konsuméieren --&gt; [Matdeelung vun der Gemeng](https://www.redange.lu/redange-actuel/actuel-detail/news/drenkwaasser-zu-reiden/?tx_news_pi1%5Bcontroller%5D=News&amp;tx_news_pi1%5Baction%5D=detail&amp;cHash=68f4171b9d789ffe9f147c550bbe9f19)  ;  [Informatioun vum Umwelt a Bundesamt aus Däitschland](/files/94726.pdf)

23.03.2020 - Valorluxtuten kritt zu Réiden elo virun der Gemeng (Maximal w.e.g. 2 Rullen pro Stot).

20.03.2020 - D'Gemeng huet en [Informatiounsblat](/files/94480.pdf) iwwer Hëllefsaarbescht erausginn.

18.03.2020 - D'Gemeng huet zou. All Telefonsnummeren a weider Informatiounen fann dir an [dësem Dokument](/files/94433.pdf) ****

17.03.2020 - [De CIGR vu Woltz hëlleft och an der Gemeng Réiden](/files/94435.pdf)

Weider Informatiounen: [www.redange.lu](http://www.redange.lu)

* * *

**REISDUERF**

26.03.2020 - D'Gemeng huet eng [Matdeelung un d'Awunner](/files/94727.pdf) rausginn.

23.03.2020 - De Forum pour l'emploi bitt och zu Reisduerf de Liwwerdéngscht un --&gt; [LU](/files/94507.pdf) , [FR](/files/94508.pdf)

14.03.2020 - D'Gemeng huet zou. All Telefonsnummeren a weider Informatiounen fannt dir [op dem Site](https://www.reisdorf.lu/fr/Pages/Informations-COVID-19.aspx)

Weider Informatiounen: [www.reisdorf.lu](http://www.reisdorf.lu)

* * *

**SCHIEREN**

25.03.2020 - Den Ettelbrécker Containerparc bleiwt och weiderhin fir d'Bierger vun Ettelbréck a Schieren op.

20.03.2020 - Hëllefsinitiativen an der Nordstad fir Senioren --&gt;[Informatiounsblat](/files/94474.pdf)

17.03.2020 - [D'Ettelbrécker Scouten](/files/94434.png) hëllefen och zu Schieren mat: 621 751 325  bzw. [ba@saintsebastien.lgs.lu](mailto:ba@saintsebastien.lgs.lu)

16.03.2020 - D'Gemeng huet zou. All Telefonsnummeren a weider Informatiounen fannt dir [op dësem Site](https://www.schieren.lu/fr/Pages/COVID-19--Informations-au-public.aspx)

Weider Informatiounen: [www.schieren.lu](http://www.schieren.lu)

* * *

**SËLL**

27.03.2020 - D'Gemeng an Zesummenaarbecht mam Restaurant "Maison Rouge" huet en Akaf-Zerwiss fir vulnerabel Leit lancéiert --&gt; [Informatiounsblat](/files/94728.pdf) ;  [Akafslëscht](/files/94729.pdf)

18.03.2020 - [De CIGR vu Woltz hëlleft och an der Gemeng Sëll](/files/94435.pdf)

17.03.2020 - D'Spillplazen hunn zou.

16.03.2020 - D'Gemeng Sëll huet zou, heifir awer en [Informatiounsblat](/files/94436.pdf) mat Telefonsnummeren erausginn.

Weider Informatiounen: [www.saeul.lu](http://www.saeul.lu)

* * *

**STAUSÉIGEMENG**

24.03.2020 - De Club Uewersauer sicht fläisseg Hänn [fir Masken ze bitzen](/files/94521.jpg)

20.03.2020 - D'Gemeng gëtt en [Appel urgent](https://www.lac-haute-sure.lu/fr/Pages/COVID-19--APPEL-URGENT-.aspx) eraus, fir onbedengt doheem ze bleiwen.

18.03.2020 - D'Gemeng ass fir de Public zou. Bäi Noutfäll kann een uruffen -  Tel: 99 35 54-1  (vun 08:00 - 11:45 a vun 14:00 bis 16:45) -

Service population & Etat civil: [population@lac-haute-sure.lu](mailto:population@lac-haute-sure.lu)

Secrétariat communal: [secretariat@lac-haute-sure.lu](mailto:secretariat@lac-haute-sure.lu)

Service technique: [technique@lac-haute-sure.lu](mailto:technique@lac-haute-sure.lu)

18.03.2020 - D'Spillplazen hunn zou.

17.03.2020 - [De CIGR vu Woltz hëlleft och an der Stauséigemeng](/files/94435.pdf)

Weider Informatiounen: [www.lac-haute-sure.lu](http://www.lac-haute-sure.lu)

* * *

**TANDEL**

20.03.2020 - Hëllefsinitiativen an der Nordstad fir Senioren --&gt;[Informatiounsblat](/files/94474.pdf)

20.03.2020 - Eng [Informatiounssäit](https://www.tandel.lu/fr/Pages/Liwwerdengscht-L.aspx) iwwert de Liwwerdengscht vum Forum pour l'emploi

17.03.2020 - All d'Spillplazen hunn zou.

16.03.2020 - D'Gemeng huet zou. D'Büroe bleiwen telefonesch erreechbar vun 08:30 bis 11:30 a vun 13:30 bis 16:30 --&gt; 803 803 232

Weider Informatiounen: [www.tandel.lu](http://www.tandel.lu)

* * *

**USELDENG**

23.03.2020 - D'Gemeng huet en [Informatiounsblat](/files/94524.pdf) mat de Restauranten, déi liwweren bzw. plats à emporter ubidden verëffentlecht.

23.03.2020 - De Forum pour l'emploi bitt och zu Useldéng de Liwwerdéngscht un --&gt; [LU](/files/94507.pdf) , [FR](/files/94508.pdf)

18.03.2020 - D'Gemeng huet en [Informatiounsblat](/files/94437.pdf) erausginn.

17.03.2020 - All d'Spillplazen sinn zou. ****

Weider Informatiounen: [www.useldange.lu](http://www.useldange.lu)

* * *

**VEIANEN**

23.03.2020 - [Interview mat dem Buergermeeschter Claude Tonino](/programm/4678/coronavirus-informatiounen-aus-are-gemengen-veiane/)

20.03.2020 - Veianen huet e Liwwerdengscht fir vulnérabel Leit agefouert: 83 48 21 - 51  ;  [atelier@vianden.lu](mailto:atelier@vianden.lu)   --&gt; [weider Informatiounen](http://vianden.lu/lieferdienst-der-gemeinde-fuer-buerger/)

20.03.2020 - Hëllefsinitiativen an der Nordstad fir Senioren --&gt;[Informatiounsblat](/files/94474.pdf)

19.03.2020-Liwwerdéngscht vun der Gemeng fir hier vulnerabel Bierger. Informatioun [De](/files/94466.pdf) [Fr](/files/94467.pdf) ****

18.03.2020 - D'Büroe vun der Gemeng bleiwen zou, d'Servicer awer iwwer Mail/Telefon disponibel:

Gemeng - Tel: 83 48 21-1   Mail: [pascale.schranz@vianden.lu](mailto:pascale.schranz@vianden.lu)

Technesch Servicer - [jos.coremans@vianden.lu](mailto:jos.coremans@vianden.lu)

Receveur - Tel: 83 48 21-24  Mail: [ralph.wilmes@vianden.lu](mailto:ralph.wilmes@vianden.lu)

Weider Informatiounen: [www.vianden.lu](http://www.vianden.lu)

* * *

**VIICHTEN**

21.03.2020 - Viichten huet eng [Informatiounssäit online](https://www.vichten.lu/fr/Pages/Avis-au-public-COVID-19.aspx) gesat.

18.03.2020 - D'Büroe vun der Gemengeverwaltung si bis op Weideres zou. [Avis au Public (LU)](/files/94455.pdf). [Avis au Public (FR)](/files/94454.pdf).

Weider Informatiounen: [www.vichten.lu](http://www.vichten.lu)

* * *

**WAHL**

18.03.2020 - D'Gemeng huet eng [Matdeelung](/files/94481.pdf) erausginn, wou wichteg Informatiounen fir t'Gemeng a Liwwerdéngschter ze fannen sinn

16.03.2020 - D'Gemeng huet en [Informatiounsblat](/files/94438.pdf) erausginn.

Weider Informatiounen: [www.wahl.lu](http://www.wahl.lu)

* * *

**WANSELER**

24.03.2020 - De Club Uewersauer sicht fläisseg Hänn [fir Masken ze bitzen](/files/94521.jpg)

20.03.2020 - De Club Uewersauer bitt seng Hëllef un --&gt; [Flyer](/files/94477.pdf)

17.03.2020 - [De CIGR vu Woltz hëlleft och an der Gemeng Wanseler](/files/94435.pdf) ****

16.03.2020 - D'Gemeng huet en [Informatiounsblat](/files/94439.pdf) erausginn. ****

Weider Informatiounen: [www.winseler.lu](http://www.winseler.lu)

* * *

**WÄISWAMPECH**

18.03.2020 - [D'Scoute vu Clierf](/files/94440.png)an [t'Club Haus op der Heed](/files/94482.jpg) hëllefen.

17.03.2020 - D'Gemeng huet en [Informatiounsblat](/files/94441.pdf) erausginn.

Weider Informatiounen: [www.weiswampach.lu](http://www.weiswampach.lu)

* * *

**WËNTGER**

26.03.2020 - D'Kanner maache mat bäi der [Reebou-Aktioun](/files/94708.jpg).

23.03.2020 - [Interview mat dem Buergermeeschter Marcel Thommes](/programm/4678/coronavirus-informatiounen-aus-are-gemengen-wentge/)

20.03.2020 - D'Gemeng Wëntger [organiséiert e Molconcours](https://www.wincrange.lu/fr/Pages/Molconcours.aspx) fir all d'Schüler vun der Schoul "Um Kiemel".

20.03.2020 - Eng [Informatiounssäit](https://www.tandel.lu/fr/Pages/Liwwerdengscht-L.aspx) iwwert de Liwwerdengscht vum Forum pour l'emploi

18.03.2020 - [D'Scoute vu Clierf hellefen.](/files/94440.png) ****

17.03.2020 - D'Gemeng bitt vulnerabel Persounen e Liwwerdéngscht un: 99 46 96 - 1  --&gt; [Méi Informatiounen](https://www.wincrange.lu/fr/Pages/Support-pour-personnes.aspx)

16.03.2020 - D'Gemeng huet en [Informatiounsblat](/files/94442.pdf) erausginn.

Weider Informatiounen: [www.wincrange.lu](http://www.wincrange.lu)

* * *

**WOLTZ**

27.03.2020 - D'Geenzefest gouf vum 1te Juni op den 19. September 2020 verréckelt. Soumat fält d'Geenzefest zesummen mat der Nuit des Lampions op een Dag --&gt; [Pressecommuniqué](/files/94730.pdf)

23.03.2020 - D'Gemeng huet eng [Säit mat heefeg gestallte Froen](https://www.wiltz.lu/de/coronavirus-haufige-fragen) verëffentlecht

18.03.2020 - [Interview mam Buergermeeschter Fränk Arndt](/programm/nordliicht--maerz/coronavirus-informatiounen-aus-are-gemengen-woltz/)

18.03.2020 - Woltz huet eng [speziell Säit fir all Informatiounen iwwert de Coronavirus an der Gemeng](https://www.wiltz.lu/fr/news/news-details/2020/03/coronavirus-toutes-les-informations-actuelles)

17.03.2020 - [De CIGR vu Woltz hëlleft](/files/94435.pdf)

16.03.2020 - Woltz bitt [Informatiounen iwwert Whatsapp](https://www.wiltz.lu/fr/news/news-details/2020/03/coronavirus-inscrivez-vous-au-fil-d-actu-whatsapp) un.

Weider Informatiounen: [www.wiltz.lu](http://www.wiltz.lu)

* * *

* * *

			
			
			
[![CORONAVIRUS : Informatiounen aus äre Gemengen](/thumbnails/94398-800-450-Crop.jpg)](/files/94398.jpg "CORONAVIRUS : Informatiounen aus äre Gemengen")

[Rechercher](javascript:__doPostBack%28&#39;C$T$DefaultRegion$M6767$ctl00$btnSearch&#39;,&#39;&#39;%29)