* * *

| Url | https://www.nordliicht.lu/actualites/220720-reservatioun-um-stausei/ |
| --- | --- |
| MetaTitle | Réservatioun um Stauséi - Nordliicht - Télévision régionale - Nord Luxembourg |
| --- | --- |
| MetaDescription | Réservatioun um Stauséi. Dernières nouvelles. Nordliicht est le programme de télévision du Nord du Grand-Duché de Luxembourg, une région qui ne compte que quelque 70.000 habitants |
| --- | --- |

# Réservatioun um Stauséi

	
22.07.2020


	
![](/files/96991.jpg)

Opgrond vun dem heigen Undrang op de Plagen vum Stauséi huet de Naturpark Öewersauer elo decidéiert, ab dësem Weekend e Réservatiounssystem anzeféieren. Soumat ass et ab dem kommende Weekend obligatoresch seng Plaz op de Plage ronderëm de Stauséi am Virfeld ze reservéieren. Dëse System gëllt fir all 6 Plagen ronderëm de Séi:

- Insenborn Plage 1 "An der Baech" : 800 Platzen

- Insenborn Plage 2 "Fuussefeld" : 500 Platzen

- Lultzhausen : 200 Platzen

- Burfelt: 300 Platzen

- Liefrange: 400 Platzen

- Rommwiss: 300 Platzen

Fir sécherzestellen, datt och wierklech just Leit op de Plage sinn, déi reservéiert hunn, ass extra eng privat Sécherheetsfirma mat bäigezu ginn.

Reservéieren kann en seng Platz op http://www.visit-eislek.lu oder iwwert d'Éislek-App an ass gratis.

Alleguer d'Detailer fannt dir am Communiqué an der Annexe.

			
            
[pdf 220720_-_communiqueplages](/files/96989.pdf)

			
			
[![Foto: Guy Krier - Réservatioun um Stauséi](/thumbnails/96990-800-450-Crop.jpg)](/files/96990.jpg "Foto: Guy Krier - Réservatioun um Stauséi")

Foto: Guy Krier

[Rechercher](javascript:__doPostBack%28'C$T$DefaultRegion$M6767$ctl00$btnSearch',''%29)