* * *

# Nordliicht

	
## Wat ass Nordliicht




**![](/files/93466.png)**

**NORDLIICHT** ass e lëtzebuergesche Kabel- a Satellitefernseesprogramm deen sech an der Haaptsaach ëm den Norde vu Lëtzebuerg këmmert. NORDLIICHT besteet aus aktuelle Reportagen iwwer Politik, Economie, Kultur a Sport. De Programm ass informativ an ënnerhalend mee virun allem no bei de Leit.  
  
De But ass fir de knapp 90.000 Awunner aus dem Norde vu Lëtzebuerg en anständeche Mediendéngscht ze leeschten. Et ass eng Tatsaach, dass die meescht lëtzebuerger Presseorganer sech méi fir den Zentrum an de Süden intresséieren.  
  
**NORDLIICHT** gouf 1996 gegrënd op Wonsch vun de Leit.  
Di éischt Emissioun ass den 23. Abrëll 1997 iwwert d'Antenn gaang.

Am Ufank hat de Programm aus enger halwer Stonn d'Woch bestan.  
Vum 20. September 2006 un gouf de Wocheprogramm op eng Stonn ausgebaut.

## D'Equipe


			
[![Irène Pissinger-Engelmann - Journalist - Chefredakter](/thumbnails/94395-800-450-Crop.jpg)](/files/94395.jpg "Irène Pissinger-Engelmann - Journalist - Chefredakter")

Irène Pissinger-Engelmann
	Journalist - Chefredakter

[![Johny Pissinger - Journalist - Direkter](/thumbnails/89914-800-450-Crop.jpg)](/files/89914.jpg "Johny Pissinger - Journalist - Direkter")

Johny Pissinger
	Journalist - Direkter

[![Sammy Pissinger - Journalist - Redakter](/thumbnails/94397-800-450-Crop.jpg)](/files/94397.jpg "Sammy Pissinger - Journalist - Redakter")

Sammy Pissinger
	Journalist - Redakter


mat zousätzlech enger Reih vu fräie Kameraleit a Mataarbechter.

## D'Geschicht


			
[![&quot;Nordliicht TV&quot; geht auf Sendung](/thumbnails/93395-800-450-Crop.jpg)](/files/93395.jpg "&quot;Nordliicht TV&quot; geht auf Sendung")

"Nordliicht TV" geht auf Sendung
	Titelsäit vum Telecran aus dem Joer 1997

[![E neie letzebuergesche Sender](/thumbnails/93389-800-450-Crop.jpg)](/files/93389.jpg "E neie letzebuergesche Sender")

E neie letzebuergesche Sender
	Auszuch aus dem Telecran aus dem Joer 1997

[![T&#39;Redaktioun am Uffank vu Nordliicht](/thumbnails/93390-800-450-Crop.jpg)](/files/93390.jpg "T&#39;Redaktioun am Uffank vu Nordliicht")

T'Redaktioun am Uffank vu Nordliicht
	Auszuch aus dem Telecran aus dem Joer 1997



Am Abrëll 1997 geet Nordliicht TV op Sendung. Deemools gouf de Programm vun enger hallwer Stonn um Infokanal vun de Gemeinschaftsantennen zu Dikrech, Ettelbréck, Clierf, Ëlwen a Wöiswampech gewisen. Finanzéiert gëtt de Fernseesender vun de Gemengen a vu Sponsoren. Et ass e Fernsee mam Sëtz am Norde vum Land, deen op Wonsch vun den Éisleker entstanen ass. D’Philosophie vun Nordliicht ass et dem Norden, deen nach ëmmer benodeelegt ass wat d’Mediepresenz ugeet, deeselwechte Stellewäert  wéi  dem Süden an dem Zentrum vu Lëtzebuerg ze ginn.

Eise Slogan ass **„Reportage, wéi wann ee selwer derbäi gewiescht wäert“**

2000 gëtt Nordliicht am Kabelnetz vun Eltrona diffuséiert an 2001 ass de Programm vun Nordliicht och iwwer Astra Satellit z'ëmfänken. Vun 30 Minutte pro Woch gëtt de Programm op eng Stonn verlängert. D‘Team besteet dee Moment aus 2 fest ugestallte Journalisten an enge 15 Freelance Kameraleit.

**„De frëndleche Fernsee“**

2007 feiert Nordliicht 10 Joer. Antëscht si schonns 400 Sendungen diffuséiert gi, mat 1700 Reportagen; dat si 15.000 Minutte Sendung mat iwwer 60.000 Stonnen Aarbecht.

**„Mir loossen eis Interviewpartner ausschwätzen“**

„E Wonsch vun der Bevëlkerung“ 2012.  
Schonns 15 Joer ass Nordliicht am a fir den Norde present .

**„No bäi de Leit“**  
2017 sinn et 20 Joer, dass Nordliicht den Norde beliicht. Antëscht sinn et 3 fest ugestallte Journalisten, déi sech ëm Aktuelles, Manifestatiounen, Kulturelles, Sportleches, Politesches haaptsächlech aus dem Norde vum Land bekëmmeren.

2018: Gouf de Fernsee aus dem Norde bis ewell vu Sponsoren a Gemengen finanzéiert, sou ënnerstëtzt och elo d’Regierung Nordliicht, de Fernsee vun, mat a fir d’Leit.



			
[![Fräiberuflech an onofhängeg](/thumbnails/93393-800-450-Crop.jpg)](/files/93393.jpg "Fräiberuflech an onofhängeg")

Fräiberuflech an onofhängeg
	Auszuch aus dem Telecran aus dem Joer 1997

[![Mir loossen eis Interviewpartner ausschwätzen](/thumbnails/93391-800-450-Crop.jpg)](/files/93391.jpg "Mir loossen eis Interviewpartner ausschwätzen")

Mir loossen eis Interviewpartner ausschwätzen
	Auszuch aus dem Telecran aus dem Joer 2007

[![De frëndleche Fernsee - Auszuch aus dem Telecran aus dem Joer 2007](/thumbnails/93392-800-450-Crop.jpg)](/files/93392.jpg "De frëndleche Fernsee - Auszuch aus dem Telecran aus dem Joer 2007")

De frëndleche Fernsee
	Auszuch aus dem Telecran aus dem Joer 2007

[![Artikelen aus der geschriwwener Press](/thumbnails/93385-800-450-Crop.jpg)](/files/93385.jpg "Artikelen aus der geschriwwener Press")

Artikelen aus der geschriwwener Press
	De Journal, t'Wort an t'Tageblatt

[![E staarkt Team - T&#39;Revue aus dem Joer 2012](/thumbnails/93386-800-450-Crop.jpg)](/files/93386.jpg "E staarkt Team - T&#39;Revue aus dem Joer 2012")

E staarkt Team
	T'Revue aus dem Joer 2012

[![20 Joresfeier vu Nordliicht](/thumbnails/93384-800-450-Crop.jpg)](/files/93384.jpg "20 Joresfeier vu Nordliicht")

20 Joresfeier vu Nordliicht
	De Journal aus dem Joer 2017

## D'Finanzen




**NORDLIICHT TV** gët iwwer Sponsoring a Publicitéit finanziert, awer och duerch d'Ënnerstëtzung vun deene meeschte Gemengen aus dem Norde vum Land, souwi vum Staatsministëre (Service des Médias et des Communications).

Privatpersounen kënnen als Éieremember hir Sympathie ausdrécken.  
  
Bankverbindungen:  
Banque Raiffeisen: BIC: CCRALULL / Konto: IBAN LU26 0090 0000 1800 0018  
Post:                           BIC: CCPLLULL  / Konto: IBAN LU05 1111 1321 0083 0000

## D'Sendezäiten 




**![](/files/93448.jpg)**

**Am Kabel:**

Mëttwoch um 19.00 Auer, Widderhuelungen um 20.00, 21.00, 22.00 Auer  
Sonndeg Widderhuelungen um 13.00, 19.00, 20.00, 21.00, 22.00 Auer

**Satellit an DVB-T:**

Sonndeg (Widderhuelung) um 13.00 Auer  
  
Satellit Astra (3B) 23.5° Ost, Transponder 224, Frequenz 12.168.0 MHz, vertikal, Symbol rate: 27500, FEC 3/4

Digital Video Broadcasting Terrestrial (DVB-T): Kanal 27, 522 MHz

[Sichen](javascript:__doPostBack%28&#39;C$T$DefaultRegion$M6767$ctl00$btnSearch&#39;,&#39;&#39;%29)